| Léif Frënn,
Mir, d’Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine, ginn den 8. August 2020 den Hämmelsmarsch duerch Rodange spillen.
Wéinst der aktueller Situatioun komme mir net schellen, mee mir gingen eis freeën, wann Dir eis awer eng kleng Spend géift ginn. Mir hunn d’Keesen dobäi!
Fir all déi Rodanger, déi just en eidele Porte-Monnaie am Haus hun, oder net doheem sinn: mir huelen esouguer Digicash!
Dir kënnt awer och Eppes op de Konnt LU48 0019 5255 3291 7000 (BCEE) mam Vermierk “Hämmelsmarsch” iwwerweisen.
Mir soen Iech villmools Merci am Viraus! | | |
|