Harmonie Municipale Rodange

 

Rodange, den 13.Juli 2016

Fusioun Harmonie Municipale Rodange & Société de Musique Lamadelaine

Recherchen a Virtrag : Marie-Jeanne Goeckel-Schuler


Geschicht vun der Rodanger Musek

Léif Invitéen,

Den 20. Dezember 1880 gouf, an der Grousstrooss Nummer 27 zu Rodange-Haut, der heiteger rue Jos.Philippart, eng Musiksgesellschaft gegrënnt, hieren Numm wor “ L’Echo du Bassin de Rodange”. Et wor dëst an engem Café, deen dem Gemengeconseiller Alexandre Mérot gehéiert huet. Hien selwer gouf zum Präsident gewielt, an dé klenge Festsall hannert dem Café gouf dén 1. Proufsall. Et hun sech zimlech vun ufanks un eng 30 Musikanten zesumme fond, déi ënnert dem 1. Dirigent Michel Kalté, gespillt hun. 1881 gouf et dun offiziell mat der Präsentatioun vun Statuten. E Réglement interne sollt d’Prouwen regelen a fier di néideg Disziplin bei dëse Prouwen suergen. Et sin Concert’en op der Place publique gespillt gin, d’gesellschaflecht Liewen gouf beräichert mat musikalescher Präsenz bei festlechen an och trauregen Zeremonien. En éischte Fändel war zimlech einfach gehalen, den Numm an d’Joër 1881 stung drop. Zu deem Zaitpunkt gouf et nach keng Uniform, sie haten just een uniformen donkelen Képi. Och hier Instrumenter waren einfach an sie haten just déi noutwendegst. Eng éischt Photo staamt aus dem Joër 1885.
1903 koum et zu Streidereien an et huet sech en Deel Musikanten lassgeléist, déi dun eng 2.Musik an d’Liewen geruff hun: d’Musique de Rodange. D’Gemengeverwaltung war net begeeschtert iwert dës Entwëcklung, haten sie dach schons déselwegte Fall mat dénen 2 rivaliséirenden Gesanksverainer zu Rolleng.
Et huet awer bis 1912 gedauert,bis d’Musique de Rodange sech opgeléist huet, an no an no sin déi ooftrënneg Musikanten nees zréck bei den Echo komm.
An dëser schwéirer Zait as d’Unzuel Musikanten steteg eroofgang, d’Kollegen hun hier Kollegen, Jonkmusikanten a Veteranen, op hierem leschte Wee begleet.
1920 as de Numm vun der Musek ëmgeännert gin an aus dem”Echo du Bassin ede Rodange” gouf et “Harmonie Municipale Rodange”. 1921 gouf et deen 2. Fändel, deen de roude Léif drop gewisen huet. Bei der Gemeng as intervenéiert gin fier e Kiosk bei der Kierch op ze richten, op deem se Concert’en spille kéinten. 1923 as ee mat deene schéinsten Kiosken aus der Emgéigend, feierlech ageweiht gin. Eng 1.Uniform huet zur Zait aus engem donkle Paltong an enger Kaap bestan. D’Harmonie huet ugefang, Concours’en spillen ze goen, dat huet sie och an d’Ausland gefouert, wou sie zu Longuyon, Lonkech an der Paraisser Banlieue éischt Praisser erzielt hun. E Proufsall kruten sie endlech an der Bouweschoul ( haut Neiwiss) zur Verfügung gestallt, nodeems sie lo jorelaang vun engem Sall an deen aaneren geplënnert woren.
1931 konnt wéngst der économescher Kris dé 50.Anniversaire vun der Harmonie net gefeiert gin. 1936 as dun dé 55. Anniversaire gefeiert gin. Zu dësem Ulass kruut d’Harmonie eng komplett Uniform an e neie Fändel as ageweiht gin. Et as eng Woch laang gefeiert gin, ugefaang mat engem laangen Faakelzuch, dun mat Concert’en vun 9 Museken an 2 Gesanksverainer, an oofgeschloss mat enegem imposanten Blummenkorso bei deem eng 44 Verainer matgewierkt haten.Zur Aweihung vum neie Fändel huet den Rodanger Dauwenzichterverain eng 500 Dauwen am Schoulhaff opfléie gelooss.
1939 gouf 100 Joër Onoofhängegkeet célébréiert, di Rodanger Musek huet hieren Deel dozou bäigedroen. Di 80 Musikanten hun Concert’en gespillt zu Rolleng an zu Péiteng.
1940 dun as der Harmonie d’Liewen ausgehaucht gin, e leschte Comité huet sech versammelt. D’Musikanten sin vun de Prouwen wegbliwen a sin schlussendlech ganz agestallt gin. De Fändel, Tricolore a franséisch beschrëft,as verschwonnen. D’Besatzungsdirektioun vun der Schmelz huet die Arbechter, vun deene se wossten, dat se an der Musek waren, ënner Undrohung vun haarde Stroofen, gedun, an de “Werkspause” ze spillen.
Wéi dun am September 1944 déi alliéiert Truppen iwert Athus amarschéiert sin, hun sech d’Musikanten nees zesummefond a mat engem groussen lëtzebuerger Fändel un der Spëtzt e Kortég duerch Rodange gemaach.
Et as dun och nees fervent dru geschafft gin, d’Musiksgesellschaft nees op ze päppelen, an et huet och net laang gedauert bis aal Musikanten a vill nei Jugendlecher sech nees afond hun.
An der Generalversammlung vun 1945 huet dun e neie Präsident , den Député-maire Joseph Philippart, d’Relève bis 1962. Den deemolegen Dirigent wor den Nic. Bohnenberger, deen huet et fäerdeg bruecht d’Effektiver nees op 60 Musikanten ze bréngen. Sie machen nees bei Concours’en mat, an 1947 kréien sie zu Réimech d’Mentioun”bien” a klasséiren sech an d’ Division Supérieure A.
An dësem Joër kréien se en neie Fändel, 2 Joër mi spéit, eng nei Uniform.
Den 22. Januar 1951 gouf et en éischte Faakelzuch, zu Eiren vum Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte, organiséiert vun der Entente vun de Verainer. 1957 goufen 75 Joër Verainsliewen gefeiert. Zu dëser Zait hält d’Harmonie schons Solfégkuren vun 3 Joër, fier deene Jonken, d’Musik bai ze bréngen. Verschiddener gin duerno weider an de Konservatoire an d’Staadt oder an d’Musikschoul op Esch. So hun sie eng 40 Schüler opweises. Als Usporn fier gudd Resultater ze erzielen, wénken Praisser, wéi en Diplom oder e Buch.
1959 mecht d’Harmonie bei engem internationalen Concours nees en 1. Prais mat “grande distinction”, dëst op engem internationalen Concours zu Déifferdeng. D’Harmonie rutscht an “Division Excellence, Section B.
D’Clique entsteht och an dëse Joren, et as eng Equipe vu jonken Musikanten aus der Harmonie, déi sech zesummen din fir d’Cortégen mat Getrommels unzeféieren.
1960 get en neie Kiosk vis-à-vis vum Chiers-Terrain ageweiht, wou eng ganz Reih Concert’en gespillt gin.
1962 kréien se e neie Fändel, datselwegt Joër get de Schoulmeeschter Michel Gengler neie Präsident. D’Harmonie reest och vill: an de 50er Joren, op Interlaaken, Lugano, Gardaséi, 1961 op Nice, 65 op montreux, 68 op Opatija am deemolegen Jugoslawien, verbonnen waren se deels mat Concours, deels mat Concert’en.
1971 get den Michel Gengler aus gesondheetlechen Grënn vum Eugène Huberty, deemolegen Schäffen, oofgeléist.
1973 huet d’Harmonie nees e Prais krut. Beim Concours de Luxembourg, sin si an der Division d’honneur klasséiert gin.
Den Dirigent René Hemmer, Sergeant vun der Militärmusek, get no 23 laangen a schwéiren Joeren, 1976, seng Démissioun. Duerno wielen d’Musikanten tëschent 2 Kandidaten den Aldo Martinato als hieren neien Orchesterchef.
De 17. Dezember 1977 gouf d’Harmonie des Jeunes gegrënnt. D’nächst Joër feiere mer dann och 40 Joer Jugendmusek. D’Statuten vun der Harmonie goufen oofgeännert, an et gouf eng Annexe zu de Statuten gemeet fier d’Grënnung vun enger Jugendmusek. Bis 1981 sollt sie schon eng 30 jonk Musikanten a Musikantinnen opweisen.
1978 get den Centre Culturel, deen d’Harmonie an aaner Verainer sech schon Joeren laang gewënscht haten, ageweiht an d’Musek kritt hieren eegenen schéinen a funktionnellen Musiksall, um 1. Stack. Richteg gefeiert gouf an de Musiksreihen net, well sie an Trauer waren ëm hieren Präsident Eugène Huberty, dé kuerz virun de Festivitéiten gestuerwen war.
Op der nofolgender Generalversammlung as dun den Henri Grethen zum neien Präsident gewielt gin.
1981 war d’Honnertjoërfeier vun der Harmonie. Dé ganze Mount Mäerz stung am Zeechen vu Concert’en, d’Museken aus dem Minnett, d’Militärmusek, d’Band vun der BIL an eng Reih Gesankverainer hun sech d’Eier gin, fier dëse ronne Gebuertsdag ze spillen.
Dat selwegt Joër huet d’Harmonie sech bei der Participatioun bei engem vun der UGDA organiséierten Concours zu Schëffleng nees ervir gedoen. Sie kruten di beschten Note an der Division d’honneur. Den André Desorbay, deen jorelaang d’Solfégkuren vun der Harmonie ugebueden huet, get Dirigent vun der Jugendmusek. Och kritt d’Harmonie e neie Präsident an der Persoun vum Carlo Reisch.
1982 gouf décidéiert, zesummen mat der Chorale Sainte Cécile, den Cecilienconcert ze verschéineren an d’Kannerchorale “Sänger vun der Bich”an d’Jugendmusek sollten mat vun der Partie sin.
1987 feiert d’Harmonie des Jeunes 10 Joër. Et get eng grouss Journée des Jeunes a Collaboratioun mat der UGDA organiséiert. Dëst Joër get den Jeannot Stracks seng Démissioun als Chef vun der Clique. Et iwwerhëlt de Gilles Steichen. Et get dat Joër och en neien Ensembel gegrënnt: d’Rodanger Jonggesellen, eng 6 Mannéquip, déi Fester verschéinert mat hierer Präsenz an jorelaang de Concert-Apéro um W-E Musical spillt.
1989 get de Romain Schloesser Präsident, den Ander Desorbay get den Dirigentestaaf u sai Jong Marc oof.
1990 get et e neie Fändel, gezeechent vum Rodanger Kënschtler Paul Collette.
1991 häalt den Aldo als Dirigent op an den Desorbays Marc iwwerhëlt, nierft der Jugendmusek, dun och d’Harmonie. D’Harmonie zielt eng 50 Musikanten zu deem Zaitpunkt.
2006 gin 125 Joër Rodanger Musek gefeiert. Eng Fotoausstellung, Festivitéiten, Concert’en, an eng Festbrochure stin um Programm. D’Festivitéiten sin dun mat engem Concert de Clôture am Februar 2007 oofgeschloss gin. D’Harmonie hat 49 Musikanten, d’Jugendmusek hat der 20, an der Clique woren ënnert dem Chef Yannick Genot 7 Musikanten.
2008 get den André Desorbay President, hien as zu deem Moment schon zanter 62 Joer Member vun der Musek.
2010 démissionnéiert de Marc Desorbay als Dirigent. Den Effektiv as schon erof gaang an deene leschte puer Joren, mé wou de Marc fort war, as et richteg biergof gaang. En neie Chef as komm, den André Sablon, duerno de Michel Guillaume, a keen huet e fäerdeg bruecht, d’Musikantenzuel nees an d’Lucht ze dreiwen, am Géigendeel.
2013 huet den André Desorbay als Präsident opgehal, an d’Harmonie kruut hier 1. Präsidentin. Mech. E schwieregt Joër huet ugefaang, fir di Péitenger Kavalcad, bei derer mer eis onbedingt wollte weisen, hu mer eis mat de Rollenger Kollégen zesummegedoen. D’Réorganiséiren vum W-E Musical, den 1. Dag fier Jonker an deen 2. Dag méi traditionnel mat Concert’en vun invitéierten Museken huet eis net dén erhofften Succès bruecht. D’Cecilieconcert’en 2013 an 2014 konnten nach nëmmen mat hëllef vun baussen realiséiert gin, an eisen eegenen Reihen sutzen zu deem Zaitpunkt nach eng Dozen Musikanten. D’Iwerhuelen vun engem jonken Dirigent, dem Steve Schleich, deen vu Klengem uns an der Musek war, huet d’Musek kuerz opliewen gedoen, duerch Kolleegen, déi him zuléift Musik spille koumen fier e Concert op der Fête Populaire , duerno awer net bliwe sin, well de Wée fier an d’Prouwen fier sie ze wäit ewech war. Am Dezember 2014 huet de Comité dun décidéiert, dass d’Harmonie Municipale Rodange net einfach liquidéiert soll gin, mé nei Partner en vue vun enger Fusioun soll sichen. De Feu vert vun de verbleiwenden Musikanten huet dun de Wé fräi gemaach fier bei di 2 noopesch Museken uklappen ze goen. Zu drëtt hu mer e ganzt Joër laang probéiert, zu 2 hu mer et elo geschafft.
Mat enger Tréin am Gesicht blécken ech zréck, op eng Musek mat 135 Joer Verainsgeschicht, déi duerch Héichten an Déiften gaangen as. Mat Zouversicht kucken ech awer an d’Zukunft: Di aal Dame lieft an der Harmonie Rodange & Lamadelaine weider. Mer vergiessen sie nie.